Skip to main content

SCROLL EROF FIR MÉI ZE GESINN!

HOLZKAMÄINER

Eis Holzkamäiner bauen mir fir Iech traditionell als Grond-, Warmloft- oder Kombi- Uewen an als Kachel- oder Heizkamäin.

Loosst Iech inspiréieren vun der purer Loscht op Feier an den eegenen 4 Wänn an spiert déi angenehm an gesond Hëtzt.
Den Asaz vun héichwäerteg, laanglieweg an ëmweltbewosst Materialien maachen aus ärem Feier-Dram Wierklechkeet. Den neiste Stand vun der Technik erméiglecht et och eis Holzkamäiner an Niddregenergie- wéi Passivhaiser anzebauen.
Mir plangen individuell op den Computer iwwer 3D-CAD an weisen Iech e Foto-realistesche Bild vun Ärem perséinlechen Feier Dram.

Dir fannt an eisen Showroom eng grouss Varietéit un Holzkamäiner mat feiereg Iddien a Virschléi.
Natierlech kenn dir dann och een Probefeier selwer ufänken.
Mir freeën eis op Äre Besuch.
Partner: Spartherm, Kal-Fire, Brunner, Leda, Camina/Schmid
Katalogen: Holzkamäiner

Patrick Krein

Zertifiéierten Passivhaus Handwierker
 Techniker mat Schwéierpunkt am Beräich oppen Kamäiner, Kamäinanlagen, Heizkassetten, Pellet- an Kamäiniewen.

Tel: 748245-34

Claudia Stappenbacher

Zertifiéiert Passivhaus Handwierkerin Planung an Verkaf vun Kamäiner
Tel : 748245-26

Wärmt, Esthetik an Design, alles mat der richteger Energie-Beroodung.
Bei eis fann dir déi richteg Solutioun.